10 - 12 Septembre 2010

Eschweiler

Den 5. Juni ass een bedeitende Daag fir eis Gemeng.

  

Matt dem Engagement fir den Start vun der 3ter Etapp vum Skoda-Tour de Luxembourg waren mir eis wuel bewosst, waat daat fir eis Gemeng geif bedeiten. Mer soen den Responsablen vun desem Tour Merci fir dei Chance an och fir d'Vertrauen fir des Organisatioun ze iwerhuelen.

 

Eeschwëller leit am Herz vum Eisleck zwëschen der Our an der Uewersauer. Touristisch eng ganz schein Landschaft. Deller an Koppen wieselen sech of. Vill Bësch, klor Wisenbachen prägen eis Natur. Op den Strossen begeint een ganz vill begeeschtert Velosfuerer, als Tourist mä och als Freizeitsportler an dofir ass et och een besonnechen Highlight, fir eis an eis Regioun, lëtzebuergesch wei och auslännesch heichwärtig Cyclisten matt hiren Equipen wellkomm ze heechen.

 

Och wann eis Gemeng zu engem vun deenen klengsten aus dem Land zielt, sou bemeihen mir eis dach fir och denen knapp 900 Awunner aus 4 Dierfer an enger schwieriger geographischer Lag eng adäquat Liewensqualiteit ze bidden. Niewend dem touristischen Aspekt investeiren mir vill am sozialen Bereich, an Emwelt, wei och an Kultur. Ganz vill Ennerstetzung kreien mir och vun eisen Veräiner dei wei och elo emmer bereet sin fir matt an "Rad" ze klammen.

 

Dofir een ganz herzlichen Merci dem Syndicat d'Initiative aus der Gemeng an den Pompjëen an awer och eisen Sponsoren, ouni déi des Manifestatioun net méiglech wir.

 

All Frenn an Supporter vum Radsport, heeschen mir herzlich wellkomm an eiser Gemeng. Mir freen eis matt hinnen op engt aussergeweinlicht Evenement.

 

Mir wënschen den Responsablen vum "Skoda-Tour de Luxembourg"an besonneg den Sportler um Velo een flotten Tour, een fairen an sportlichen Wettkampf op eisen Stroossen. Um Reckwee wann sie nach eng Keier eis ganz Gemeng durchfueren, wënschen mir den Coureuren eng gutt Konditioun, fir dei 3km aus der Kierel erop op Knaphouschent fir dann uewen op der Kopp den Biergpreis ze attackeieren.

 

François Rossler

Buergermeeschter

 

www.eschweiler.lu